Luxembourg
|
Lëtzebuerger Journal
|
Actualités
Information (1/1)
Lëtzebuerg an Europa hunn d'Weiche fir d'Energietransitioun scho laang gestallt. Mee wat genee soll mam Wiessel eriwwer op erneierbar Ressourcen erreecht ginn, a wéi eng Schrëtt si mëttel- a laangfristeg geplangt, fir d'Erausfuerderungen ze meeschteren an dat éiergäizegt Zil och wierklech ze erreechen

Iwwer den "Big Picture" a konkret Mesuren diskutéiert de Bryan Ferrari mat sengen dräi Invitéen am neien Episod vum Podcast Evergreens by Spuerkeess. D'Anne Calteux vertrëtt déi Europäesch Kommissioun zu Lëtzebuerg, fir Europa méi no un d'Bierger*innen an d'Autoritéiten ze bréngen. De Fenn Faber ass Direkter vun der Klima-Agence, déi national Struktur fir gesellschaftlech Acteur*ricen an der Energietransitioun ze begleeden. De Steve Heinen ass Direkter bei EY am Beräich Digital Grid, woubäi et drëms geet, déi nei Energië mat neien Technologien ze verbannen.

Elo lauschteren op lj.lu/evergreens31 an op alle Streaming-Plattformen.

Eng Co-Produktioun mam Studio J vum Lëtzebuerger Journal.

Plus d'informations

Publicité
Écrire un commentaire

Publicité